Den Samschden de Metten war am Stade Josy Barthel de Rugbysmatch Lëtzebuerg géingt Finnland. Lëtzebuerg spillt an der Conference 2 Nord géingt Nationalequippen aus Dänemark, Finnland, Norwegen an Estland. D`Lëtzebuerger hunn vun Ufank un d`Finnen ënner Drock gesat a ganz séier e „penalty kick“ krut deen se awer net verwandelen konnten. E puer Minutten méi spéit war et du awer eng perfekt Aktioun op der lénker Säit wou e Spiller sech gekonnt frei gespillt huet an den éischten „try“ vun der Partie géingt d`Finnen konnt maachen. Dono hunn d`Lëtzebuerger net méi lass gelooss an een „try“ no dem aneren gesat. Och déi uschléissend „conversions“ konnt den Nummer 10 vun den Lëtzebuerger konsequent verwandelen. Den Trainer Jonathan Flynn hat seng Equipe optimal agestallt a sou konnten 1300 Zuschauer berouegt enger konsequenter Victoire entgéingt kucken. Zum Schluss stoung et 45 zu 5 fir Lëtzebuerg. Lëtzebuerg läit domat Konsequent un der Spëtzt vun der Tabell an kann engem Opstig an d`Liga Conference 1 Nord entgéingt kucken. Deen nächste Match ass den 28. Abrëll em 18:00 Auer, do spillen d’Lëtzebuerger géingt Norwegen am Stade Josy Barthel.
Feuille de match:
TEAM LUXEMBOURG 1 – Rezapour Saman 2 – Dee Quentin 3 – Kremer Thomas 4 – Giffard Vincent 5 – Drennan Anthony 6 – Vert Jean-Baptiste 7 – Kimmel Romain (Capt) 8 – Williams Rhys 9 – Geoffreys Gareth 10 – Browne William 11 – Timmermans Adrien 12 – Dozin Maxime 13 – Kimmel Guillaume 14 – Stone Charles 15 – Bares Gauthier 16 – Dennis-Soto Matthew 17 – Marcus Adam 18 – Cendre Victor 19 – Toulet Pierre 20 – Bouobda Nzali Hugues 21 – Calmont Adrien 22 – Kenens Maxim 23 – Ketema Yared coach: Jonathan FLYNN | TEAM FINNLAND 1 – Tammero Lauri 2 – Martinez Anthony 3 – Denholm Chris 4 – Peltoniemi Akseli 5 – Konttila Mauno 6 – Aro Ossi 7 – Keranen Matti 8 – Eskola Kosti 9 – Maenpaa Crispin 10 – Finell Thomas 11 – Paakko Samu-Petteri 12 – Viljanen Jussi 13 – Hyytiainen Matias 14 – Takala Mika 15 – Rochford Ronan 16 – Rantakokko Tatu 17 – Grondahl Mikko 18 – Filtness Karl 19 – Raivonen Herkko 20 – Larsen Petter 21 – Koponen Jani 22 – Lahtivuori Eetu 23 – Visser Isaac coach: Issac VISSER |
Pictures: https://sportpressinternational.wordpress.com/2018/04/15/rugby-luxembourg-vs-finnland/